LIDD 18
Dankbar fir d’Léisegeld
1. Jehova mir elo
sti virun dir a so’n:
Merci fir däi Jong, hien huet
esou villes erdro’n.
Aus déiwer Léift de gréisste
Kaddo eis ze ma’n.
Mir hunn dat Opfer vun iech
ëmmer fest virun A’n.
(REFRAIN)
Säi Liewen huet hie fir eis ginn.
Jo duerch säi Blutt mir fräi lo sinn.
Onendlech dankbar
mir dir si bis an all Éiwegkeet.
2. Bezuelt huet Jesus gär de Präis,
deen néideg war.
Doduerch mir eng Hoffnung hunn,
déi ass sou wonnerbar.
Aus déiwer Léift de Wee fir eis
all fräi gemaacht.
An Zukunft gëtt vu Péng an Doud
dann ni méi geschwat.
(REFRAIN)
Säi Liewen huet hie fir eis ginn.
Jo duerch säi Blutt mir fräi lo sinn.
Onendlech dankbar
mir dir si bis an all Éiwegkeet.
(Dozou och Heb. 9:13, 14; 1. Pet. 1:18, 19.)