Zeréck bei den Inhalt

Ass Jesus den ugekënnegte Messias?

Ass Jesus den ugekënnegte Messias?

D’Äntwert aus der Bibel

 Jo. Wéi Jesus op der Äerd war, huet hie vill Prophezeiungen iwwer den „Messias, de Führer“ erfëllt, deen de „Retter vun der Welt“ géif sinn (Daniel 9:25; 1. Johannes 4:14). A souguer no sengem Doud, huet Jesus weiderhi Prophezeiungen erfëllt, déi beweisen, datt hien den ugekënnegte Messias war (Psalm 110:1; Apostelgeschichte 2:34-36).

 Wat bedeit „Messias“?

 Dat hebräescht Wuert Maschíach (Messias) an dat entspriechend griichescht Wuert Christós (Christus) bedeiten „Gesalbter“. „Jesus Christus“ bedeit also „Jesus, de Gesalbten“ oder „Jesus, de Messias“.

 Oft ass a bibelescher Zäit eng Persoun gesalbt ginn, wa si eng méi héich Positioun krut. Et gouf dann Ueleg iwwer hire Kapp gegoss (3. Mose 8:12; 1. Samuel 16:13). Jesus gouf vu Gott als Messias agesat, eng Positioun mat grousser Autoritéit (Apostelgeschichte 2:36). Awer amplaz mat Ueleg, huet Gott hie mat hellegem Geescht gesalbt (Matthäus 3:16).

 Ass et méiglech, datt sech d’Prophezeiungen iwwer de Messias u méi wéi enger Persoun erfëllen?

 Nee. Esou wéi e Fangerofdrock just op eng Persoun passt, passt d’Erfëllung vun de bibelesche Prophezeiungen och just op ee Messias oder Christus. D’Bibel warnt eis nämlech, datt „falsch Messiassen a falsch Prophéiten optrieden an datt si grouss Zeechen a Wonner maachen, fir esouguer déi Auserwielten ierzeféieren, wann dat méiglech wier“ (Matthäus 24:24, BFL).

 Kann et sinn, datt de Messias eréischt an der Zukunft kënnt?

 Nee. D’Bibel huet virausgesot, datt de Messias en Nokomme vum Kinnek David vun Israel sollt sinn (Psalm 89:3, 4). Awer déi jüddesch Regëstere vum David sengen Nokomme si verluergaangen, warscheinlech 70 eiser Zäitrechnung a, wéi d’Réimer Jerusalem vernicht hunn. Vun do un, ka kee méi beweisen, datt hie vum Kinnek David senger Famill ofstaamt. Mee zu Jesus senger Zäit, gouf et dës Regësteren nach. A souguer seng Feinden hunn net a Fro gestallt, datt hien en Nokomme vum David war (Matthäus 22:41-46).

 Wéivill Prophezeiungen iwwer de Messias ginn et an der Bibel?

 Et ass net méiglech genee ze soen, wéivill Prophezeiungen et iwwer de Messias ginn. Esouguer eendeiteg Prophezeiungen, déi sech op de Messias bezéien, kann een op verschidden Aart a Weis zielen. A Jesaja 53:2-7 ginn zum Beispill, verschidden Eenzelheeten iwwer de Messias genannt. Muncher gesinn an dësem Text, all Detail als eng Prophezeiung fir sech. An anerer, gesinn doran eng eenzeg.

 E puer Prophezeiungen iwwer de Messias, déi sech u Jesus erfëllt hunn

Prophezeiung

Wou een se fënnt

Erfëllung

Nokomme vum Abraham

1. Mose 22:17, 18

Matthäus 1:1

Nokomme vum Abraham sengem Jong, dem Isaak

1. Mose 17:19

Matthäus 1:2

Aus dem israelittesche Stamm Juda

1. Mose 49:10

Matthäus 1:1, 3

Aus der Linn vum Kinnek David

Jesaja 9:7

Matthäus 1:1

Vun enger Jongfra gebuer

Jesaja 7:14

Matthäus 1:18, 22, 23

Zu Bethlehem gebuer

Micha 5:2

Matthäus 2:1, 5, 6

Ass Immanuel b genannt ginn

Jesaja 7:14

Matthäus 1:21-23

Kënnt aus einfache Verhältnesser

Jesaja 53:2

Lukas 2:7

Kleng Bouwe ginn no senger Gebuert ëmbruecht

Jeremia 31:15

Matthäus 2:16-18

Aus Ägypten geruff

Hosea 11:1

Matthäus 2:13-15

Nazarener c genannt

Jesaja 11:1

Matthäus 2:23

E Buet virgeschéckt

Maleachi 3:1

Matthäus 11:7-10

29 eiser Zäitrechnung d zum Messias gesalbt

Daniel 9:25

Matthäus 3:13-17

Vu Gott als säi Jong unerkannt

Psalm 2:7

Apostelgeschichte 13:33, 34

Äifer fir Gott säin Haus

Psalm 69:9

Johannes 2:13-17

Priedeger vun der gudder Noriicht

Jesaja 61:1

Lukas 4:16-21

Säin Déngscht a Galiläa - e grousst Liicht

Jesaja 9:1, 2

Matthäus 4:13-16

Wonner gewierkt, wéi de Moses

5. Mose 18:15

Apostelgeschichte 2:22

Gott seng Gedanke matgedeelt, wéi de Moses

5. Mose 18:18, 19

Johannes 12:49

Krankheete vu ville geheelt

Jesaja 53:4

Matthäus 8:16, 17

D’Opmierksamkeet net op sech gelenkt

Jesaja 42:2

Matthäus 12:17, 19

Matleed mat deenen, déi gelidden hunn

Jesaja 42:3

Matthäus 12:9-20; Markus 6:34

Gott seng Gerechtegkeet bekannt gemaach

Jesaja 42:1, 4

Matthäus 12:17-20

E wonnerbare Beroder

Jesaja 9:6, 7

Johannes 6:68

Jehova säin Numm bekannt gemaach

Psalm 22:22

Johannes 17:6

Gläichnesser benotzt

Psalm 78:2

Matthäus 13:34, 35

E „Führer“

Daniel 9:25

Matthäus 23:10

Vill hunn net un hie gegleeft

Jesaja 53:1

Johannes 12:37, 38

E Steen, un deem een Ustouss hëlt

Jesaja 8:14, 15

Matthäus 21:42-44

Vu Mënsche verworf

Psalm 118:22, 23

Apostelgeschichte 4:10, 11

Ouni Grond gehaasst

Psalm 69:4

Johannes 15:24, 25

Triumphalen Amarsch a Jerusalem op engem Iesel

Sacharja 9:9

Matthäus 21:4-9

Luef aus dem Mond vu Kanner

Psalm 8:2

Matthäus 21:15, 16

Am Numm vu Jehova komm

Psalm 118:26

Johannes 12:12, 13

Vun engem gudde Frënd verroden

Psalm 41:9

Johannes 13:18

Fir 30 Sëlwerstécker verroden e

Sacharja 11:12, 13

Matthäus 26:14-16; 27:3-10

Vu Frënn verlooss

Sacharja 13:7

Matthäus 26:31, 56

Falsch Zeien hu géint hien ausgesot

Psalm 35:11

Matthäus 26:59-61

Roueg bliwwe géigeniwwer deenen, déi hien ugeklot hunn

Jesaja 53:7

Matthäus 27:12-14

Ugespaut

Jesaja 50:6

Matthäus 26:67; 27:27, 30

Gouf op de Kapp geschloen

Micha 5:1

Markus 15:19

Ausgepeitscht

Jesaja 50:6

Johannes 19:1

Huet sech schloe gelooss

Jesaja 50:6

Johannes 18:22, 23

D’Herrscher hu sech zesumme géint hie gestallt

Psalm 2:2

Lukas 23:10-12

Mat Hänn a Féiss un de Poul geneelt

Psalm 22:16

Matthäus 27:35; Johannes 20:25

Kleeder verloust

Psalm 22:18

Johannes 19:23, 24

Zu de Sënner gezielt

Jesaja 53:12

Matthäus 27:38

Vernannt a verspott

Psalm 22:7, 8

Matthäus 27:39-43

Fir Sënner gelidden

Jesaja 53:5, 6

1. Petrus 2:23-25

Scheinbar vu Gott verlooss

Psalm 22:1

Markus 15:34

Krut Esseg a Gal ze drénken

Psalm 69:21

Matthäus 27:34

Kuerz virum Doud duuschtereg

Psalm 22:15

Johannes 19:28, 29

Huet säi Geescht Gott uvertraut

Psalm 31:5

Lukas 23:46

Säi Liewen higinn

Jesaja 53:12

Markus 15:37

D’Léisegeld bezuelt fir d’Sënn ewechzehuelen

Jesaja 53:12

Matthäus 20:28

Schanken net gebrach

Psalm 34:20

Johannes 19:31-33, 36

Duerchstach

Sacharja 12:10

Johannes 19:33-35, 37

Bei deene Räiche begruewen

Jesaja 53:9

Matthäus 27:57-60

Vum Doud operstanen

Psalm 16:10

Apostelgeschichte 2:29-31

Verréider ersat

Psalm 109:8

Apostelgeschichte 1:15-20

Setzt sech u Gott seng riets Säit

Psalm 110:1

Apostelgeschichte 2:34-36

a D’Cyclopedia vu McClintock a Strong erkläert dozou: „Et ass zimmlech sécher, datt d’Regëstere vun de jüddesche Stämm a Familljen eréischt bei der Vernichtung vu Jerusalem (70 eiser Zäitrechnung) verluergaange sinn an net scho virdrun.“

b Den hebräeschen Numm Immanuel bedeit „Gott ass mat eis“ a beschreift passend Jesus seng Roll als Messias. Säi Liewen op der Äerd an alles, wat hie gemaach huet beweist, datt Gott sengen Ubieder hëlleft (Lukas 2:27-32; 7:12-16).

c Den Ausdrock „Nazarener“ kënnt warscheinlech vum hebräesche Wuert nézer, dat „Sproß“ bedeit.

d Méi Informatiounen zu der bibelescher Chronologie, déi op d’Komme vum Messias am Joer 29 eiser Zäitrechnung hiweist, fënnt een am Artikel „Wie in der Prophezeiung Daniels das Kommen des Messias vorausgesagt wird“.

e Dës Prophezeiung fënnt een am Buch Sacharja. Awer de Matthäus seet an der Bibel, datt se duerch de Prophéit Jeremia ugekënnegt gouf (Matthäus 27:9). Et gesäit aus, wéi wann d’Buch Jeremia heiansdo un éischter Plaz stoung an deem Deel vun der Bibel, deen och „d’Prophéiten“ genannt gouf (Lukas 24:44). Wann de Matthäus hei vum „Jeremia“ schwätzt, da bezitt hien sech warscheinlech op all déi Bicher, déi „d’Prophéiten“ genannt goufen. An dozou gehéiert och d’Buch Sacharja.