Zeréck bei den Inhalt

Fridde weltwäit – wéi ass dat méiglech?

Fridde weltwäit – wéi ass dat méiglech?

D’Äntwert aus der Bibel

 Fridden op der ganzer Äerd gëtt Realitéit. Mënsche bréngen dat net fäerdeg, awer Gott säi Kinnekräich, eng Regierung am Himmel mat Jesus Christus als Herrscher, kann dat. D’Bibel gëtt eng schéin Zukunftsperspektiv:

  1.   Iwwer Gott heescht et: „Weltweit macht er dem Krieg ein Ende.“ Sou mécht hien säi Versprieche wouer: „Frieden auf der Erde unter Menschen, die seine Anerkennung haben“ (Psalm 46:9; Lukas 2:14).

  2.   Gott säi Kinnekräich am Himmel herrscht iwwert déi ganz Äerd (Daniel 7:14). Dëst Räich eliminéiert dann den Nationalismus, deen d’Ursaach ass vu ville Konflikter a Kricher.

  3.   Jesus, den Herrscher vu Gott sengem Kinnekräich, gëtt „Friedensfürst“ genannt. Dofir kënne mir sécher sinn: „... der Frieden wird endlos sein“ (Jesaja 9:6, 7).

  4.   Mënschen, déi Gewalt gären hunn a sech net ännere wëllen, ginn net ënnert Gott senger Regierung toleréiert, well: „Er [Gott] hasst jeden, der Gewalt liebt“ (Psalm 11:5; Sprüche 2:22).

  5.   Gott bréngt Mënsche bäi, wéi si mateneen a Fridde liewe kënnen. D’Bibel beschreift, wéi sech dat auswierkt: „Sie werden ihre Schwerter zu Pflugscharen schmieden und ihre Speere zu Winzermessern. Kein Volk wird gegen das andere das Schwert erheben, auch werden sie den Krieg nicht mehr lernen“ (Jesaja 2:3, 4).

 Elo schonn ginn et Milliounen Zeie vu Jehova ronderëm d’Welt, déi vu Gott beléiert ginn, wéi ee mat aneren a Fridde liewe kann (Matthäus 5:9). Obwuel mir an 240 verschiddene Länner liewen an zu verschiddenen ethnesche Gruppe gehéieren, gräife mir net zu de Waffen a ginn och net an de Krich.

D’Zeie vu Jehova léieren haut schonn, mat aneren a Fridden ze liewen